© Claude Zanter 2020
1) Keng Equipementer
An ze wéineg Klinikbetter
Gitt et zou, dier wart nët virbereet.
Haten och keng Masken
Dat sin leider traureg Fakten
Gitt et zou, dier wart nët virbereet.
Op den Covid 19 war eist Land nët virbereet
10 Milliarden Scholden gi gemeet
Wien responsabel ass
Deen verdengt eng kräfteg Datz
Gitt et zou, dier wart nët virbereet.
2) Wéi schon an der Schoul
Soot den aalen Rousepoul:
„Kriss eng Null, du wees näischt, d’huet kee Wäert.“
An den englesch Prof
Wéi hun seng Wieder mech getraff:
„Come on dude, you are not well prepared !”
Soot eis nach wat hëlleft dat ass Zigarettendamp
Dat klengt wéi ee Rotschlag vum Här Trump.
Wäscht iech 10 Mol d’Hänn
Kee Kontakt méi zu de Frënn
Gitt et zou, dier wart nët virbereet.
3) Paulette an och Xav
Wat schwätzt dier do fier e Brach
Gitt et zou, dier wart nët virbereet.
Vläit gëtt et e Wee
Wéi mier sie lass gin allen zwee.
Gitt et zou, dier wart nët virbereet.
Den Economisten ass de Fall schon längst bekannt.
An 6 Méint da bléist ee raue Wand.
Hun mer dann ersat
Päscht duerch Cholera
Gitt et zou, dier wart nët vierbereet.
4) Firmen machen zou
Et ass eriwer mat der Rou
Gitt et zou, dier wart nët virbereet.
Riesecht Budgetslach,
An d’Gemengen kloen och
Gitt et zou, dier wart nët virbereet.
Hätte mier am Januar nëmmen d’Häfen zougemeet
Wéinstens all di international
Mier hun dat nët gemeet
Wien d’Schold dréit ass egal
Gitt et zou, dier wart nët virbereet
5) Wéi et weidergeet:
Gläich gëtt d’Armut wäit verbreet
Gitt et zou, dier wart nët virbereet.