CHORFANTASIE

 

Kuckt emol, kuckt emol, kuckt wéi zwee déi gläichgesënnt sin allen zwee an Harmonie sin

Sou wéi éiweg Blummen, onzertrënnlech sie duerch d’Liewen gin.

Freed  a Fridden wéi een Tandem onermiddlech fueren sie,

Haas an Béises, sie gin ëmmer nees verdrängt duerch Euphorie.

 

Wann aus Téin Zauberei gëtt a wann Wieder Wonner bréngen,

Muss aus däischter Nuechten oder Stonnen nei Luucht schéngen.

Gléck no baussen, Rou no bannen, all dat kännt dee Glécklechen.

Wann nei Téin a Wieder kléngen ass dat wéi ee Seegen.

 

All dat Schéint an all dat Guddes wat däin Häerz bis dohin kannt huet

Blitt nach méi schéin op bis datt dee läschte Klang sech huet gelued.

Huelt d’Geschenker vun der Konscht un, dat gehéi’rt zum gudden Toun.

Wann sech Léift a Kraft vereenen gët de Mënsch vun Gott belount. 

 

Gräift zou, gräift zou, huet un d’Geschenker

Gräift zou, gräift zou, Geschenker vun der Konscht.

Gräift dach zou, dir musst nët fäerten, gräift dach zou, dir musst nët färten, huelt un d’Geschenker vun der schéiner Konscht. All d'Geschenker déi mir kréien vun der schéiner Konscht. All d’Geschenker vun der schéiner Konscht. Gräift dach zou, huelt un  d'Geschenker vun der schéiner Konscht. Gräift dach zou, dir musst nët fäerten. All d’Geschenker vun der Konscht.

Wann sech Léift a Kraft, a Kraft, a Kraft vereenen gët de Mënsch vun Gott belount, gët de Mënsch vun Gott belount, gët vun Gott belount.

Gräift dach zou, dir musst nët fäerten, gräift dach zou, dir musst nët fäerten, gräift zou, huelt d’Geschenker vun der Konscht. Gräift dach zou, huelt un d 'Geschenker vun der schéiner Konscht.

 

Wann sech Léift an Kraft vereenen, gët de Mënsch vun Gott belount, wann sech Léift a Kraft, a Kraft, a Kraft vereenen, gët de Mënsch vun Gott belount, gët de Mënsch vu Gott belount, gët de Mënsch vun Gott belount, gët vun Gott belount.