DE JEEËR
© Claude Zanter 2020
1) Wanns du mol eng Kéier krank bass, da gees du bei den Do-okter.
Wanns du mol e gudde Rot brauch, géi bei den Affekot.
Wann ech eppes iwert d’Juegd brauch, da gin ech bei de Fie-ierschter.
Da kann e-ech be-ehapten : den Expert huet gesot !
2) Mee géi nëmmen nët bei d’Leit déi näischt verstin.
Well déi sin nach lang nët sou schlau wéi e Fox.
An huel dech an Uecht vrun de Leit, déi bei RTL gin,
Fier op d’Tele ze kommen din sie aus hi-ier Ënneschtbox.
Jo, ho ! Tralalalalalalalalalalalala
Jeeër, o Jeeër, da pass gut op, pass gut op.
Jeeër, o Jeeër, a gëff nët op, gëff nët op.
Lo gët et eescht, well e-et geet, fier deng réputatioun.
Jeeër, o Jeeër, da pass gut op, pass gut op.
Jeeër, o Jeeër, a gëff nët op, gëff nët op.
D’Thema ass eescht, duebel sou eescht, wéi d’Laag vun der Natioun.
3) Wann d’Wëld vi-irun d'Bechs kënnt, da muss de Schoss och së-ëtzen.
Wa néideg da fällt e Noschoss, sou ass d’Juegdverha-alen.
Et soll all gudde Jeeër, keng Munitioun verbë-ëtzen.
Hien muss sech op jidde Fall och un d’Ethik ha-alen.
4) Mee déi Leit, déi d’Juegd awer guer nët verstin,
Jo déi sollen dach mol all an d’Schluechthäiser gin.
Well do ass e Massaker, an do leiden d’Déiren Qualen.
Dat ass an dat bleiwt och sou no de Wa-ahlen.