ODE AN DIE FREIHEIT
1) Fräiheet, Freed a Fridden, un dës Werter hu mier eis gewinnt
Wat mier nie vergiessen ass wéivill dofier gekämpft ass gin
Etlech Kricher, Revolutiounen, war’n allergengs een héige Präis
Deen hu mier bezuelt, lo si mier fräi vum Franz an och vum Preiss.
Etlech Kricher, Revolutiounen, war’n allergengs een héige Präis
Deen hu mier bezuelt, lo si mier fräi vum Franz an och vum Preiss.
2) Dausenden vun Patrioten, alleguer zum Kampf bereet
An loyal zur Kroun dat ass nach laang keng Selbstverständlechkeet
Dass sie fier eist Land ge-efall sin kruute mier schon gesot als Kand
Ouni sie wär guer keng Fräiheet hei am lëtzebuerger Land.
Dass sie fier eist Land ge-e-fall sin kruute mier schon gesot als Kand
Ouni sie wär guer keng Fräiheet hei am lëtzebuerger Land.
3) Mier sin eng Natioun och wann eis Noperen dat nët verstin
Dorop si mier houfreg a mier wëlle bleiwen wat mir sin
Mier régéiren sou wéi mier liewen, nämlech mat Häerz a mat Verstand
An eis Zukunft leeë mier getrouscht, jo getrouscht an Gottes Hand.
Mier régéiren sou wéi mier liewen, nämlech mat Häerz a mat Verstand
An eis Zukunft leeë mier getrouscht, jo getrouscht an Gottes Hand.