© Claude Zanter 2020
1) Ënnerwee am Zuch fier op Wäiswampech
Et ass Moies fréi an ech hun nach näischt am Mo
Dozenden vu Leit déi wenken mat dem Schnappech
Een Conducter an zwee Controlleur déi sin och nach do
Eng laang Odyssee fänkt lo un,
Den Zuch fiert fort hei op der Kopp
Fiert laanscht eis Uelzecht, Heiser an och Beem
Kräizt e puer Zich all ouni Numm,
Passagéier u Bord, an och Wueren sin drop
Et geet lues de Bierg op mee dat ass fier hien guer keen Problem.
REFRAIN :
Gudde Moi’n, mäin Lëtzebuerg, wéi geet et ?
Ech sin vun hei, känns du mech wierklech nët ?
Jo, ech sin den Zuch deen sie ëmmer 2010 genannt hun
An ech fueren all Dag zech Kilometer op dëser Bunn.
2) Ech spillen Kaart mat Leit aus der éischter Klass
Et geet nët ëm Geld, just ëm de Spaass
Reech mer meng Thermosfläsch, sie läit do am Fong
Héier d’Rieder wéi se rabb’len ënnert eise Schong
Eisen jonken controlleur
Wéi den jonken ingénieur
Wahrscheinlech sin se hierem Papp all nogeschlo’n
Mammen mat hierem Kant um Schouss
D’Kant kuckt op seng Mamm mat Aan ganz grouss
D’Vertrauen ass do an lo gët roueg geschlof.
3) Et ass nach wäit, et ass nach laang nët Mëtteg
Bisser Leit hun zu Colmer den Zuch nach kritt
Pünktlechkeet ass op der Bunn ëmmer wichteg
Mier gesin lo gläich eis national Tubaakfabrik
Lo rullt en raus aus Ettelbréck
An d’Leit dobaussen gin ëmmer méi kleng
Verschwannen lues a lues um Horizont
De Schaffner deen sengt säin Lieblingsstéck
Brengt Stëmmung an den Zuch a sengt nët laang aleng
Den Zuch huet elo säin Rhythmus font.