© Claude Zanter 2020
1) Ech wollt dës Läscht an d’Staat fue-eren
Wunnen zu Fréiseng wäit eweg
Wollt ënnerwee nach een hue-elen
D’Léa hat zou – oh wat ee Pech !
Bewonn’ren d’Natur duerch d’Fënsterscheiwen
Sin um Land gebuer, wuel bemierkt
REFRAIN : Ech géif sou gären nach blei-eiwen
Awer den Tram, den Tram dee fiert
Ech géif sou gären nach blei-eiwen
Awer den Tram, den Tram dee fiert.
2) Kommen ech un an der cha-amber
No genee fënnef Véirelstonn
Ass den Roberto dann lo pro-opper ?
Vergiess ass déi Sa-ach mat der Bomm.
Här Präsident, ech wëll nët streiden
Ma hu mer eis am Thema nët geirt ?
REFRAIN
3) „Är Ried ass diskutabel"
So’n ech obschon ech näischt verstin
An de rapport ass lamentabel
Dat hun ech nach nie gesin
Sou, de Räscht musst dier mir schreiwen
D’Zäit leeft mer fort, nediert
REFRAIN
4) A mengem Kapp ass et kloer
Hänken gläich meng carrière un de Nol
Iwe-er 30 Joer
Dat mécht sou séier kee mier no
Ech schaffen nach bis e Freiden
Doheem muss ech schreiwen nach meng Ried
REFRAIN