Dat deet mier wéi

     

                                                                 

 

                  Eis Rees fänkt un beim déckem Kim Yang Un

                  Hien huet ganz oft sou komesch Kleeder un

                  Hien liewt ganz gut, währenddem säin Vollek leid.

 

                  Wéivill Rakéiten schéisst hien nach an d’Lucht ?

                  Hien test di neiste Waffen déi hien krut

                 An ënnerdréckt, stellt Iech vier, seng eege Leit.

 

       An ëmmer wann et Zäit gët ze go'n

       Verpass’n ech de Moment a bleiwe ston

       Sou Biller kann ech nët verdron.

 

       Dat deet mier wéi , onendlech wéi.

 

                  A wat ass dann mat eisem Mier geschitt ?

                 Wat schwëmmt an Asien fier eng komesch Britt ?

                 Wéi kënnt deen Dräck iwerhapt dann dohin ?

 

                 Millioune Fësch am Mier gin lo zugronn

                 Et gin der ëmmer méi vun Stonn zu Stonn

                 Ech kann dat Bild einfach guer nët méi gesin.

 

       An ëmmer wann et Zäit gët ze go’n

       Verpass’n ech de Moment a bleiwe ston

       Sou Biller kann ech nët verdron.

      

       Dat deet mier wéi , onendlech wéi.

 

                  A wat ass dann mat eisen Briten lass ?

                  Hun sie dann guer keen Geescht méi ? Nondikass.

                 Wat huet hier Queen eigentlech zum Brexit gesot ?

 

                 Den Trump wärt d’ NATO gläich entarten

                 A spillt dem Russ dobäi an d'Karten

                 E nei Krich ass deen lo well ugesot ?

 

       An ëmmer wann et Zäit gët ze g’on

       Verpass’n ech de Moment a bleiwe ston

       Sou Biller kann ech nët verdron.

 

       Dat deet mier wéi , onendlech wéi.

 

 

       De Mënsch mécht d’Welt futti wann e kéint

       Dobei ass d’Erd nëmmen geléint.

      

       An ëmmer wann et Zäit gët ze go’n

       Verpass’n ech de Moment a bleiwe ston

       Sou Biller kann ech nët verdron.

                            

       Dat deet mier wéi.

 

       An ëmmer wann et Zäit gët ze go’n

       Verpass’n ech de Moment a bleiwe ston

       Sou Biller kann ech nët verdron.

 

 

       Dat deet mier wéi, sou wéi.