DEN XAV ASS AGENÄIPT

 

1) An deem klengen, deem léiwen Ländchen

Den Xav ass agenäipt.

Jo, an deem klengen, deem léiwen Ländchen

D’Regierung och, villäit.

 

      Wéi, wéi kréie mier sie nees erwecht ?

      Wéi, wéi kréie mier sie all ewech ?

 

      Iwerall kritt ee gesot :

      Mier sin do fier jiddereen.

      Iwerall just dësen Rot :

      Loosst iech impfen alleguer, a bleiwt doheem.

 

     2) An deem klengen, dem léiwen Ländchen

     Gin d’Leit lo gläich op d’Strooss.

     Ah jo, mier machen am léiwen Ländchen

     Eis Problemer op Mooss.

 

     Wéi, wéi kréie mier sie nees erwecht ?

     Wéi, wéi kréie mier sie all ewech ?

 

     Schoulen op a Schoulen zou.

     Wat eng komesch Strategie.

     Och den Handel ass nët frou.

     Sou een krassen Duercherneen gouf et nach nie.

 

     Mier hun de SARS, mier hun de Pax, mier hun den Tram.

     Sie hun kee Geld, sie machen Schold, sie sin all blann.

 

     Wéi, wéi kréie mier sie nees erwecht ?

     Wéi, wéi kréie mier sie all ewech ?

    

     An deem klengen, deem léiwen Ländchen, den Xav ass nees agenäipt.