1) Ech packen dat doten nët méi
Mäi Kapp deen deet mier sou wéi
Ech gin gläich zesummen
A meng Ouren, déi brummen
Lo kënnt de Chef eran: “Wou sin meng Statistiken ?
Ech hun se gëscht verluer. Kanns du mier se sichen ?"
REFRAIN :
Ech hun Stress, ech hun Stress, sin am Gaang ze collabéiren
Ech hun Stress, ech hun Stress, sin am Gaang ze dépriméiren
Honnertdausend Sachen muss ech haut nach machen, wéi soll dat goen ?
Jo, ech hun Stress, ech hun Stress, ech muss eng schwéier Laascht droen.
2) Ech sin nach laang nët ferdeg
Ech gin ëmmer méi ärdeg
Lo schällt och nach den handy.
„Hu keng Zäit. Ech dech och.“ An Äddi.
Dat huet mer nach gefehlt, lo geet mäin PC nët.
Kee computer ze hun ass dat Schlëmmst, wat et gët.
3) Ech kommen einfach nët virun
Dat ass nët gelu-un
Ech machen vill Iwerstonnen
Kommen soss nët iwert d’Ronnen
Mar muss ech schaffen go’n, de week-end ass ruinéiert
Ech froe mech am Eescht wou daat alles féiert.