Mir gin all u-u-u-ugelun

 

1)      Si schwätzen all vum Klimaschutz

Sech profiléiren ass e Muss.

An drësseg Joer ass et egal

Da si mer endlech CO2 neutral.

Mee halt emol, dir hut eppes vergiëss, nee am Eescht:

Wann souvill ofgebaut wët wéi Dräck gemach gët,

       wat hu mer dann erreecht ?

 

2)      Da kuckt mol d’Elektromobilitéit

Kuckt a wéi een Dilemma dir geréit.

All eis Ressourcen déi gi knapp

Geet dat da nët an äre Kapp ?

Mir wëssen all mir gin vun iech all Dag just getäuscht.

All Expert warnt, et steet an de Medien: d’Wasser gët verseucht.

 

REFRAIN :

Mir gin all u-u-u-ugelun

Jo jo mir gin all belun a bedrun.

 

3) Wéi ass dat dann mat Corona ?

Dat ass dach d’Thema vun all Dag.

Hu mer mol een Expert um Kierchbierg,

Datt hien oft schwätzt dat stéiert iech.

Dir fährt de Mann, dir hut en nët an d’Boot geholl, fierwat nët ?

Well hien d’Wourecht seet aleng dofier sëtzt hien nët an ärer Mëtt.

 

REFRAIN

 

4) A wann dier wëllt all dir schéin Leit

Lo wëssen wéi ët weidergeet,

D’Moral vun der Geschicht ass di hei:

Gleew der Regierung, dann dees du mer leed.

Et siew gesot: a ville Fäll do ass keng Kompetenz.

Ech krut gesot : dann hal dech dach raus zumols wanns du näischt känns.

 

REFRAIN