1) Kuckt all eis Bëscher, an och eist Mier
Alles ass sou verknascht, an de Mënsch kann aleng dofier.
Kuckt all eis Felder, an och eis Wisen
Mat Glyphosat vergëft, alles wëssenschaftlech bewisen.
Ass et dann zevill verlangt, méi repektvoll ëmzego’n
Komm mier sin et fier eis Kanner, sie hun verdengt eng besser Welt.
Mi-er dro’n alleguer kollektiv Matschold
Mi-er sin alleguer un allem schold.
2) Denkt un eis Déiren, ’t ass gläich ze spéit
Sie stierwen aus lues a lues, äddi Biodiversitéit.
Denkt un eist Klima, un d’Äis wat schmëlzt
Der Erd muss gehollef gin, ass dann keen dozou gewëllt?
Wat soll’n mier so'n, op eisen Kanner hier dausend Fro’n?
An sie hun Recht: d’Prioritéit läit nët beim Geld.
Mi-er dro’n alleguer kollektiv Matschold
Mi-er sin alleguer un allem schold.
Mi-er dro’n alleguer kollektiv Matschold
Mi-er sin alleguer un allem schold.