SCHLOFLIDD
Schlof mäin Puppelchen, roueg an
Ech hun dech gär, du mäin herzegt Kant.
Mach lo roueg deng Guckelcher zou
Am déiwe Schlof do fënns du deng Rou.
Ouni dech wär ech just e Schied
Vergiessen dech nët a mengem Gebiet.
Däin Schutzengel, wéi e Frënd, ass ëmmer bei dier ganz no
Wanns du krank an traureg bass, ech sin ëmmer fier dech do.
Schlof mäin Puppelchen, roueg an
Ech hun dech gär, du mäin herzegt Kant.
Mach lo roueg deng Guckelcher zou
Am déiwe Schlof do fënns du deng Rou.
Ouni dech wär ech just e Schied
Vergiessen dech nët a mengem Gebiet.