SIN DAT ALL ONS WÄERTER ?
(gesellschaftlech a moralesch Wäerter)
©
1) Huet d’Kierch nët gesoten:
Kee Krich méi an keng Zaldoten
Wat mir brauchen ass de Fridden
Zevill Leit hun schon gelidden.
2) Déi u Fridden denken
An all déi am Mier erdrenken
Soll’ mer hinnen da nët hëll’fen ?
Aplatz eis de Bauch ze fëllen ?
REFRAIN
Kuck gëscht, war’n et d’Protestanten
Haut sin et d'Immigranten
Sin dat, sin dat all ons Wäerter ?
Gi mier nët all zum Verräter ?
3) 't ass nët mënscheméiglech
Mier léien, a bleiwen héiflech
Drenken Wäin a pried’gen Waasser
Vereenzelt Leit gin zum Haasser.
REFRAIN
4) Hu mier näischt geléiert ?
D'Behuelen ass onerhéiert !
Eppes Positives machen
ass méi schwéier wéi domm ze lachen.
REFRAIN
REFRAIN