1) Hien sëtzt niewend mier am Auto
Huet Autostopp gemach
Hien sot säin Numm wier Anton
An huet dobäi gelacht.
Hien kuckt lo aus der Fënster
Seng Aan déi falen zou
Wat ass dat fier een Künstler
Ech loossen him seng Rou.
2) An dun fänkt hien un mat potren :
“Ech muss op een Tournéier
Et geet mir hei ëm d’Eier
Versprach hun ech de Frënn.
Ech spillen gären Karten
Den Owend gët gepoukert
Ech kann et kaum erwarden
Eng Sucht, ’t ass wouer.
3) Ech verroden dir dat heiten:
Wanns de mol schlecht Karten zéiss
Dat därfs du niemols weisen
Dat nennt een Pokerface.
Dësen Fehler kënnt nët seelen
Et kann gin geféierlech:
Du därfs däin Geld nie zielen
Soulangs du bass um Dësch. “