1) Ech krut gesot : däi Papp, dee muss lo go’n
Hien ass och gang, einfach senger Wee
Ouni e Wuert, dat hun ech nët verdro-o’n
Lo si mier leng, nëmmen nach zu 2.
2) Ech krut gesot : Kant, du bass nach ze kleng
D’Liewen ass Schäiss, kuck dat nët sou eng
Ech konnt dat nët, nee konnt dat nët verstoen
Ech krut gesot : stell nët sou vill Froen.
REFRAIN
Wien huet dat Recht ?
Wien hëllt sech d’Recht ?
Wien huet dat Recht, sou ëmzego’n ?
Mat engem Kant, dat alles gleewt, wat mier him so’n.
Mir sin nët fair, beléien d’Leit
Si mier e Vierbild fier e Kant ?
Ech so’n 't nët gär, mee ënnert eis
Wat mir do ma’n ass dégoûtant.
3) Ech krut gesot : d’Mënschen sin all gläich
’t gin e puer Götter, mee eng eenzeg Sonn
Virwat ass Krich? De Fridden läit op Ä-äis
Mier kënnt dat vier wéi eng oppe Wonn.
4) Wéi geet et dier ? Hues du oft de blues ?
Gëss d’och verascht? Iwerall fake news.
Eist Liewen gët, gefëllt mat Angscht an Zweifel
Awer et bleiwt trotz allem eidel.
REFRAIN
Wien huet dat Recht ?
Wien hëllt sech d’Recht ?
Wien huet dat Recht, sou ëmzego’n ?
Mat engem Kant, dat alles gleewt, wat mier him so’n.
Mir sin nët fair, beléien d’Leit
Si mier e Vierbild fier e Kant ?
Ech so’n 't nët gär, mee ënnert eis
Wat mir do ma’n ass dégoûtant.
Mir sin nët fair, bedréien d’Leit
Och d’Kanner ass dat an der Rei ?
Ech färte ganz, wann et souwäit ass
Da geet de Schoss no hanne lass.